Alexandre Espigares

Den Alexandre Espigares, gebuer zu Lëtzebuerg, ass e spuenesch-lëtzebuergeschen Animateur a Filmregisseur. Hien huet am Lycée technique des arts et métiers de BTS Animatioun studéiert an dësen 2000 ofgeschloss. Zanter 2002 huet hien am Beräich Computeranimatioun un enger ganzer Rëtsch Filmer matgeschafft, dorënner Happy Feet 2, Iron Man 3 an Tarzan 3D. Fir de Kuerzanimatiounsfilm Mr Hublot, dee en 2012 bis 2013 zesumme mam Laurent Witz realiséiert huet, kruten déi zwéin 2014 den Oscar an der Kategorie Beschten animéierte Kuerzfilm. 2018 koum säin Animatiounsfilm Crocs-Blanc eraus; en hat seng Première den 21. Januar 2018 um Sundance Film Festival. Den Alex Espigares lieft als fräischafenden Animateur zu München.


© MMXXIII Rich X Search. We shall prevail. All rights reserved. Rich X Search